Service d’éducation
et d’accueil

Natur genéissen - nohaltegt Iessen

Nohaltegt a gesond Iesse fir Kanner - dat ass eent vun den Ziler vun Natur genéissen. De Projet stellt spezifesch Ufuerderungen un de Kaf vun de Liewensmëttel an der SEA, déi an engem Laaschtenheft festgeluecht sinn. Krittäre vun der Regionalitéit, der Saisonalitéit an der Nohaltegkeet sinn an dësem Laaschtenheft definéiert, fir d’regional Landwirtschaft a besonnesch d’Natur genéissen Betriber ze ënnerstëtzen. Gläichzäiteg gëtt d’Laaschtenheft Richtlinne fir eng gesond an nohalteg Ernärung vir.

D’Gemengen, déi mat hirer SEA bei Natur genéissen matmaachen, engagéiere sech, fir mindestens 13 % vum Wäert vun hire Liewensmëttelakeef fir Produite vun Natur genéissen Produzenten auszeginn. Op dës Manéier ënnerstëtzen si d'Natur genéissen Produzenten e.a. beim Erhalen a Schafe vu Liewensraim fir eenheemesch Déieren- a Planzenaarten. Ausserdeem solle regional Produiten, sief et aus der konventioneller oder aus der biologescher Landwirtschaft, beim Akaf Prioritéit hunn. De Kaf vu lëtzebuergesche Produiten ass obligatoresch fir verschidde Produitkategorien, déi zu Lëtzebuerg a genügender Quantitéit produzéiert ginn, wéi z.B. Rëndfleesch a Mëllechproduiten. D'Natur genéissen SEA droen domat zur Stäerkung vun der  regionaler Landwirtschaft bäi. An et ginn op mannst 30 % vum Gesamtwäert vun de Liewensmëttel fir bio Produiten ausginn.

Wëllt Dir méi wëssen?

Luet eis verschidden Dokumenter erof:

Service d’éducation et d’accueil

Saisonskalenner

Eis Formatiounen

Un dësem Deel gëtt nach geschafft. Natur genéissen SEA an Natur genéissen Produzente gi weiderhin per Email iwwer d‘Workshops an d‘Formatiounen informéiert.

Kontaktéiert eis!

Trixie Pierson

SICONA

Support SEA

Liz Mersch

Liz Mersch

SICONA & Naturparken
Support SEA

Skip to content