
Formatioun

Weiderbildung a Betreiung
De Projet bitt Weiderbildungen fir Kichen- an edukativt Personal un. Dozou gehéieren Atelieren a Virträg iwwer d'Themen Erzéiung fir nohalteg Entwécklung, « Education au goût », gesond Ernärung, Liewensmëtteletikettage, Zutaten an Zousazstoffer esouwéi vegetaresch Kachen. Kachworkshops gehéieren och zum Programm.
De SICONA, déi 3 Naturparken an de SIAS suergen duerch reegelméisseg Visite vun den deelhuelenden SEA an eng enk Betreiung vum Kichen- an educativem Personal dofir, datt d’Ufuerderunge vum Natur genéissen-Laaschtenheft verstanen an ëmgesat ginn. Esou gëtt d'Personal vun den SEA och bei der Planung an Ëmsetzung vun Aktivitéiten iwwer Ernärungs- an Ëmweltthemen ënnerstëtzt. Zum Beispill ass ee Besuch um Bauerenhaff ganz populär, wou d'Kanner iwwert d'Haltung vun den Déiere méi gewuer ginn an d'Ubaue vu Geméis an Akerkulturen an domat d'Origine vun hirem Iesse kenneléieren.
Esou ginn d’Ziler vum Projet laangfristeg fest am Bewosstsinn vun de Kanner, Elteren, Käch an Educateure verankert a beaflossen hirt Handelen.
Dir wëllt matmaachen
op enger vun eise Formatiounen?
Un dësem Deel gëtt nach geschafft. Natur genéissen SEA an Natur genéissen Produzente gi weiderhin per Email iwwer d‘Workshops an d‘Formatiounen informéiert.