Landwirtschaft
Eis Produzenten
Natur genéissen gouf lancéiert mam Zil, aarteräich Liewensraim op de landwirtschaftlech genotzte Flächen ze erhalen an d'Baueren ze motivéiere, fir zousätzlech Naturschutz op hiren Notzflächen ze bedreiwen. De Projet Natur genéissen verbënnt landwirtschaftlech Betriber mat der Demande u Liewensmëttel vun den SEA aus de Gemengen, déi um Projet deelhuelen.
Konventionell a biologesch wirtschaftend Betriber, déi hir Produiten iwwer Natur genéissen verkafen, erfëllen Nohaltegkeets- an Naturschutzkrittären. Fir kënnen hir Produiten iwwer Natur genéissen ze verkafe, setzen d'Bauere sech fir eng nohalteg Produktioun an, déi de Buedem-, Waasser- a Klimaschutz berücksichtegt. D'Natur genéissen Produzente verfiddere kee gentechnesch modifizéiert Fudder a suerge fir eng déieregerecht Haltung a Fidderung. Zousätzlech erfëllen d'Produzenten d'Naturschutzkrittäre fir Liewensraim fir eenheemesch Déieren- a Planzenaarten ze erhalen an ze schafen. All Natur genéissen Produzent stellt mindestens 5 % vun senger Produktiounsfläch fir d’Erhale vun Strukturelementer an naturno Flächen zur Verfügung, an leescht domat e wichtege Bäitrag zu der nohalteger Entwécklung vun der Landschaft an de Gemenge vu SICONA, dem Naturpark Öewersauer, dem Naturpark Our, esouwéi dem Natur- & Geopark Mëllerdall. D'Baueren erfëllen och spezifesch Produitskrittären - jee nodeems wéi een Produit iwwer Natur genéissen vermaart gëtt.
Fir der wuessender Nofro u lokalen an nohaltege Produiten gerecht ze ginn, gëtt d'Lëscht vun den Natur genéissen Produzenten stänneg erweidert.
Produktkrittären
(op Däitsch)
Eis Formatiounen
Un dësem Deel gëtt nach geschafft. Natur genéissen SEA an Natur genéissen Produzente gi weiderhin per Email iwwer d‘Workshops an d‘Formatiounen informéiert.
Kontaktéiert eis!