Formatioun
Weiderbildung a Betreiung
De Projet bitt Weiderbildungen fir Kichen- an edukatiivt Personal un. Dozou gehéieren Atelieren a Virträg iwwer d'Themen Erzéiung fir nohalteg Entwécklung, « Education au goût », gesond Ernärung, Liewensmëtteletikettage, Zutaten an Zousazstoffer esouwéi vegetaresch Kachen. Kachworkshops gehéieren och zum Programm.
De SICONA an déi 3 Naturparke suergen duerch reegelméisseg Visite vun den deelhuelenden SEA an eng enk Betreiung vum Kichen- an educativem Personal dofir, datt d’Ufuerderunge vum Natur genéissen-Laaschtenheft verstanen an ëmgesat ginn. De SICONA an d’Naturparken ënnerstëtzen och d'Personal vun den SEA bei der Planung an Ëmsetzung vun Aktivitéiten iwwer Ernärungs- an Ëmweltthemen. Zum Beispill ass ee Besuch um Bauerenhaff ganz populär, wou d'Kanner iwwert d'Haltung vun den Déiere méi gewuer ginn an d'Ubaue vu Geméis an Akerkulturen an domat d'Origine vun hirem Iesse kenneléieren.
Esou ginn d’Ziler vum Projet laangfristeg fest am Bewosstsinn vun de Kanner, Elteren, Käch an Educateure verankert a beaflossen hirt Handelen.
Dir wëllt matmaachen
op enger vun eise Formatiounen?
Un dësem Deel gëtt nach geschafft. Natur genéissen SEA an Natur genéissen Produzente gi weiderhin per Email iwwer d‘Workshops an d‘Formatiounen informéiert.
Kontaktéiert eis!