Natur genéissen kuerz erkläert

Landwirtschaftlech genotzte Flächen déngen net just der Produktioun vu Liewens- a Fuddermëttel, mee sinn och e Liewensraum fir vill Déieren- a Planzenaarten. D'Aart a Weis vun der landwirtschaftlecher Notzung huet en direkten Afloss op d'Erhale vun der Biodiversitéit. Den Naturschutz ass also enk mat der Landwirtschaft verbonnen.

De Projet Natur genéissen gouf 2014 vu SICONA  an d'Liewe geruff, fir zesumme mat de Bauere wäertvoll Liewensraim ze erhalen an ze schützen an en zousätzlechen Ofsaz fir d'Produiten vun de landwirtschaftleche Betriber ze schafen. Zënter 2021 setzen och déi 3 Naturparke vu Lëtzebuerg, den Naturpark Öewersauer, den Naturpark Our an den Natur- & Geopark Mëllerdall de  Projet an hire Gemengen ëm.

Gesond, regional a saisonal Liewensmëttel spillen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun de Kanner. Landwirtschaftlech Betriber vun hei liwwere vill vun de Liewensmëttel, déi an ëffentleche Kantinne gebraucht gi, wéi Rënd- a Schwéngefleesch, Poulet, Mëllechprodukter, Eeër, Uebst a Geméis.

Eis Wäerter 

Eng regional Wäertschöpfungsketten ënnerstëtzt net nëmmen d’Produzenten aus der Regioun, mee fërdert och den Ëmwelt- a Klimaschutz a reduzéiert den ekologesche Foussofdrock.

Natur genéissen setzt sech a fir d'Veraarbechtung vu regionalen a saisonale Produiten an de Kiche vun de Maison relaisen a Crèchen (och genannt SEA : Service d'éducation et d'accueil) a bitt de Produzenten déi averstane sinn, no Natur genéissen Krittären ze wirtschaften an een Deel vun hire Fläche fir den Natuschutz zur Verfügung ze stellen, een zousätzlechen Ofsazmaart. Esou kréien d'Produzenten eng Wäertschätzung fir hir Aarbecht am Beräich vum Naturschutz.

D'Natur genéissen fërdert kuerz Transportweeër, stellt de perséinleche Kontakt tëscht Produzenten a dem Konsumenten hier a fleegt Bezéiungen ënnerteneen.

Eng regional Produktioun vu Liewensmëttel am Sënn vum Natur- an Ëmweltschutz

Eng nohalteg Produktioun vu Liewensmëttel no festen Natur genéissen-Krittären

Regional, saisonal, biologesch produzéiert a fair gehandelt  Liewensmëttel an de Maison-relaisen an de Crèchen

D'Schafe vun engem zousätzlechen Ofsazmaart fir Baueren aus der Regioun

Eng gesond, bewosst an nohalteg Ernärung fir d’Kanner an de Maison-relaisen an de Crèchen

Dir wëllt den Newsletter kréien?

Schéckt einfach eng E-Mail mam Betreff "NG Newsletter" un

info@naturgeneissen.lu

Natur genéissen Gemengen a Produzenten

Alternative content for the map
Alternative content for the legend

Kontaktéiert eis!

Giles Altmann

Gilles Altmann

SICONA

Koordinatioun & Support Produzenten

Daniel Baltes

Daniel Baltes

Naturparken

Koordinatioun

Skip to content